Louhschläissen
D’Louschläissen ass déi traditionell Technik fir d’Schuel (d’Lou) vun de jonken Eechen erofzeschielen (ze schläissen). Dës Praxis steet an direktem Zesummenhang mat der sougenannter Louheck (am Éislek och einfach nëmmen "Heck" genannt). Et ass eng besonnesch opwänneg, awer nohalteg Bewirtschaftung vun den Eechebëscher, déi eng Rei u spezielle Virbereedungs-, Organisatiouns- an Nobereedungsaarbechten erfuerdert.
Am Wanter ginn d’Eechebëscher fir d’Louschläisse preparéiert („geraumt“). Bei dëser forstwirtschaftlecher Moossnam ginn all Beem a Straich – mat Ausnam vun den Eechen – ewech gemaach, an zu Brennholz verschafft. Esou entsteet een helle Bësch an deem d’Eeche fräi stinn.
Am Mee/Juni fänkt dann dat eigentlecht Schläissen un. Ier d’Eech gehae gëtt, ginn déi ënnescht Äscht mat der sougenannter Kromm (enger Aart Séchel oder krommer Aaxt) ewech gemaach. Duerno gëtt d’Schuel op Kapphéicht ronderëm ageschnidden, a mat engem sougenannte Rësser zwee- bis dräimol längs agerass. D’Schuel gëtt duerno mat engem speziellen Instrument, dem Louschlëssel (och nach Louläffel genannt) lass geschielt (geschlass).
Duerno gëtt d’Eech op Héicht vun zirka engem Meter iwwert dem Buedem gehae, awer esou datt de Stamm um Stomp hänke bleift. Dës Héicht erliichtert d’Aarbecht vum Schläissen, an et kann ee méi effizient schaffen. Uschléissend ginn dann déi iewescht Äscht ewech geschnidden, de Stamm eng weider Kéier ofgestäipt an a Sektioune vun ongeféier zwee Meter komplett geschielt.
Am nächste Schrëtt gëtt och den ënneschten Deel vum Stamm gehae, fir de Bam definitiv op de Stack ze setzen, an d’Holz zu Brennholz ze veraarbechten.
Nom Oftransport vun der Lou (mat hire Gierwstoffer) – déi fréier ënnert anerem op Wooltz geliwwert gouf, engem deemools wichtegen Zentrum vun der Liederproduktioun – an dem Holz (fir ze hëtzen), gouf d’Bëschfläch traditionell ofgebrannt (d’Sang gouf gemaach). Déi entstanen Äsche goufen als Dünger op der geraumter Fläch verdeelt, an duerno gouf – meeschtens wärend zwee Joer – hei Kar, Wëllkar oder Huewer ugeplanzt, iert d’Eechen nees aus dem Stack ausgedriwwe sinn. Soubal d’Eechen no 15 bis 20 Joer erëm déi erfuerderlech Gréisst erreecht haten, konnten si nees fir d’Louproduktioun genotzt (an esou op en Neits geschlass) ginn.
D’Louschläisse war fréier am Éislek wäit verbreet. Haut gëtt dës traditionell Form vun der Bëschnotzung awer just nach vu wéinege Begeeschterten ausgeüübt.
D’Louschläissen steet zanter dem 17. Oktober 2025 op dem nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg.
Links:

- Bertogne Pierre, 1938. Lo’hschleissen am E’sleck (https://www.youtube.com/watch?v=RuK9Dp_6wV4)
- Naturparkschoul, 2020. Lou Schläissen - Lohwirtschaft im Naturpark Our (https://www.youtube.com/watch?v=aotg33KgKxI).