Fléizen

D'Fléizen ass eng landwirtschaftlech Technik, déi warscheinlech scho säit dem 15. Joerhonnert a Lëtzebuerg (haitegen Territoire) ugewannt gëtt. Ziel ass et d’Wisen ze bewässeren a soumat den Ertrag beim Hee ze erhéijen. Heibäi gëtt haaptsächlech mat der Schwéierkraaft geschafft, andeems Grief ugeluecht ginn, duerch déi d’Waasser vun de Baachen ofgeleet gëtt vir dann domat Wisen ze iwwerschwemmen.

Jee no Topographie komme verschidde Methoden zum Asaz. Un de méi grousse Flëss mat méi breeden Däller, wéi d’Sauer, d’Wolz oder d’Klierf, leit et no mat Schleisen ze schaffe vir d’Waasser unzestauen. Woubäi un de méi klenge Baache mat schmuelen Däller, wéi d’Rackesbaach, éischter hangparallel Grief lenks a riets vun der Baach ofgezweigt ginn. D‘ Wisebeel ass hei vu grousser Bedeitung, vir des Grief unzeleeën an a Stand ze halen. A munche Fäll, bei Baachen déi am Summer kaum Waasser hunn, sinn och Fléizweieren ugeluecht ginn déi ee bei Bedarf kann auslafe loossen. Generell soll 3 mol am Joer gefléizt ginn: 1) zum Schluss vum Wanter um gefruerenem Buedem vir dass d’Vegetatiounsperiod éischter starte kann; 2) no der Erntezait vum Hee vir dass den Ertrag beim 2. Schnatt (Groum) méi héich ass; 3) am Hierscht vir Närstoffer ranzebrenge wat soumat als natierlech Düngung funktionéiert. Nieft dem Virdeel duerch d’Bewässeren usech, kennt och nach dobäi dass d’Biodiversitéit op de Fléizwise méi héich ass an dass d’Wisen als Héichwaasserschutz agéiere kënnen.

Em d’Mëtt vum 19. Joerhonnert, mat der Industrialiséierung, huet de Liewensstil vun de Leit geännert, d’Populatioun ass gewuess an d’Nofro vu Fleesch a Mëllechproduiten ass geklommen. Duerch d’Fléize konnt ee méi Hee produzéieren an domat d’Béischte fidderen, vir dëser Nofro gerecht ze ginn. Mat Gesetzer aus dem Joer 1883 ass d’Landwirtschaft vum Staat moderniséiert a gefërdert ginn: d’Akerbauschoul zu Ettelbréck ass gegrënnt gi wou och d’Bewässerung vu Wisen ënnerriicht ginn ass, an et ass eng gesetzlech Basis geschaaft gi vir d’Syndikater. Des Syndikater, déi am ganze Land gegrënnt a vum Staat ënnerstëtzt gi sinn, waren zoustänneg vir Bewässerungsanlagen ze bauen an ze ënnerhalen. D’Fléize war soumat gesetzlech gereegelt. Ab den 1940er an 1950er Jore sinn ëmmer méi schwéier Maschinnen op de Felder zum Asaz komm, wouduerch d’Grief just nach en Hindernis waren. D’Entwécklung vum Konschtdünger huet dann och nach dozou gefouert, dass et eng manner opwänneg (wann och manner nohalteg) Method ginn ass, vir den Ertrag op de Wisen ze erhéijen.

Haut fënnt een uechtert d’Land nach vill Grief, Schleisen a Weieren déi weise wéi des kulturell Praktik eist Landschaftsbild a regional Identitéit, zemools am Éislek, geformt huet. Zu Béiwen (Bavigne) oder och nach op der Léresmillen (Trëtterbaach) fënnt een z.B. Schleise mat Infoschëlder. D’Fléizen ass eng kulturell Praktik déi vu Generatioun zu Generatioun weidergi gëtt. Et handelt sech em eng traditionell Aarbecht bei der Erwuessener a Kanner bedeelegt sinn, sief et andeems am Gruef geschafft oder gespillt gëtt. Wat bleift sinn Erënnerungen a vill Geschichten déi driwwer erzielt ginn.
D’Fléizen ass de 25. November 2021 an den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen opgeholl ginn. Momentan stëllt Lëtzebuerg, zesumme mat anere Länner, eng Kandidatur vir d’Fléizen an d’UNESCO-Repräsentativlëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet anzeschreiwen, ënnert dem Titel “Traditionell Bewässerung an Europa: Wëssen, Technik an Organisatioun”.

Aktuell gëtt et e Projet vum Naturpark Öewersauer, zesumme mam Kulturministère, Naturpark Our, natur&emwëlt, Musée Thillenvogtei an intresséiert Privatpersounen: https://www.naturpark-sure.lu/projects/fleizen/

Dozou gëtt et och e Video iwwert d’Fléizen: https://www.youtube.com/watch?v=gwI4UmH1zP0


https://webwalking.lu/wwal-tax-topic/fleizen-wiesenbewasserung-zu-letzebuerg/

Reportage vun RTL.lu: https://www.rtl.lu/news/national/a/1892503.html
https://play.rtl.lu/shows/lb/journal/episodes/r/3284763

Artikel aus "De Cliärrwer Kanton", 2022-1: /userfiles//Geimer_Fleizen_DCK_2022_1.pdf
/userfiles//Geimer_Fleizen_heute_DCK_S_2022.pdf
 

Media

Images