Niklosdag
De Festdag vum hellegen Niklos ass de 6. Dezember. Zanter Generatioune kréien d’Kanner do virdrun an um Dag selwer Kaddoen: Déi brav freeë sech iwwer Séissegkeeten a Spillgezei an déi, déi sech net geschéckt hunn, kréien – op d’mannst theoretesch – eng Rutt. Dëse Brauch gëtt souwuel am private wéi och am ëffentleche Liewe gefleegt.
De „Kleesche“ gëtt an der Zäit viru sengem Festdag wochelaang ongedëlleg erwaart: Wann d’Kanner „hire Schong setzen“ oder wann um Virowend vum 6. Dezember d’Telleren opgestallt ginn, déi dann allkéiers an der Nuecht heemlech op wonnerbar Aart a Weis vum Kleesche gefëllt ginn.
Doniewent gëtt et am Virfeld vum 6. Dezember Ëmzich a Kleeserchersfeieren, op deenen d’Kanner eng „Tiitche“ mat Séissegkeete kréien. Op munche Plaze laanscht d’Musel kënnt den hellegen Niklos, de Schutzpatréiner vun de Schëffsleit a Kanner, mam Schëff, an aneren Uertschafte mat enger Päerdskutsch, mam Auto oder mat der Eisebunn.
No senger Begréissung duerch d’Vertrieder vun der Gemeng an de Veräiner gëtt den hellegen Niklos an engem feierlechen Ëmzuch an e Sall gefouert, wou hien d’Kanner beschenkt. Den Haaptacteur, deen als hellegen Niklos am Bëschofsornat verkleet ass, mat Bëschofsstaf an engem laange wäisse Baart, léisst sech dobäi gäre vu sengem wéischte Gesell, dem Houseker, wéi och vun Engele begleeden. Zudeem gëtt et an dëser Zäit och eng speziell Mëtsch a Form vun engem Mënsch a Miniaturversioun, dem „Boxemännchen“.
Dës lieweg Traditioun vum Deelen, Schenken a vun der Nächsteléift zugonschte vun de Klengsten, Schwächsten an Äermste berifft sech op verschidde Legenden iwwert d’Liewe vum hellegen Niklos, deen am 4. Joerhonnert Bëschof zu Myra un der Südküst vu Klengasien, der haiteger Tierkei, war.
De Stellewäert vum Kleeserchersfest ass zu Lëtzebuerg sou héich, datt de 6. Dezember an der Grondschoul fräi ass. A munche Lycéeën iwwerhuelen d’Schülerinnen an d’Schüler d’Roll vum Niklos a sengem Gesell an zéie vu Klass zu Klass, wou et zum Programm gehéiert, datt Dommheeten a mat de Proffen den Uz gemaach gëtt.
Weiderentwécklungen, zu deenen och Nikloslidder an -duerstellunge gehéieren, weisen, wéi sech beim Kleeschen Ales mat Neiem, Identitéit mat Diversitéit, Traditioun mat Innovatioun verbannen, dëst zur gréisster Freed vu Kleng a Grouss.
Den „Niklosdag“ ass den 29. Juli 2019 op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg geholl ginn.