D’Oktav zu Éiere vun der Muttergottes vu Lëtzebuerg

D’“Oktav“, eng Pilgerzäit all Joer zu Éiere vun der Muttergottes vu Lëtzebuerg, geet zréck bis an d’17. Joerhonnert. Den 8. Dezember 1624 droe Studenten aus dem Jesuittekolléisch zesumme mam Pater Jacques Brocquart eng Statu vun der Muttergottes op de Glacis virun de Festungsmauere vun der Stad. Fir d’Bild gouf vu 1625 bis 1628 eng Kapell gebaut, déi zimlech séier den Zentrum vun enger bedeitender Wallfaart ginn ass. Vun der Franséischer Revolutioun un, wou d’Glacis-Kapell zerstéiert gouf, steet d’Statu definitiv an der aler Jesuittekierch, der haiteger Kathedral.

D’Marieveréierung, déi den Awunner vu Lëtzebuerg vill bedeit, huet sech besonnesch no zwee Stéchdatumen entwéckelt: 1666 haten déi politesch Autoritéiten d‘Maria, ënnert der Uruffung „Consolatrix Afflictorum“ (Tréischterin am Leed), zur Patréinesch vun der Stad a 1678 vum ganze Land Lëtzebuerg erwielt. Esou entsteet d’“Oktav“, eng ganz volkstümlech Wallfaart mat staark nationalem Charakter, déi bis haut weiderlieft. Am Ufank war et just eng Woch, spéider ass eng zweet virdrugesat ginn an esou gëtt se haut tëscht dem 3. an dem 5. Sonndeg no Ouschtere gefeiert. Bei de Lëtzebuerger Pilger sinn och vill héich Autoritéiten aus dem ëffentleche Liewen derbäi, zousätzlech d’Pilger aus der Groussregioun, deem Gebitt, dat fréier zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert huet.

Déi duebel Erwielung ass an engem Kontext vu Krich, Hongersnout, Pescht an anere schwéiere Situatioune geschitt. D‘Maria gëtt gesinn als himmlesch Persoun, déi fir d’Wuel vun allen antrëtt, déi si veréieren an déi si tréischt an hiren Néit. Am Laf vun de Joerhonnerten huet dëse Kult vill Liewensmutt an Iwwerliewenskraaft vermëttelt, an dat an dacks onheelvolle Momenter, besonnesch am Zweete Weltkrich.

Och hautdesdaags bleift déi reliéis a festlech Atmosphär vun der Stad während deenen zwou Oktavwochen impressionnant, gradesou d’Schlusspressessioun duerch d’Stroosse vun der Uewerstad. Fir d’Oktavzäit gëtt och eng Zort Kiermes opgeriicht: den „Mäertchen“ um Knuedler, net wäit ewech vun der Kathedral. 


Links

Media

Documents

Images

Videos

Fonds Georgette Delvaux© Archives : Centre national de l'audiovisuel (CNA)

Die Historie der Madonna von Luxemburg© Archives : Centre national de l'audiovisuel (CNA)

Octave 1911 (Hubert Marzen, 1911)© Archives : Centre national de l'audiovisuel (CNA)