Kultur vun de Bongerten
D’Wuert“Bongerten” ass repräsentativ fir den Ensembel vun der Kultur vun alle Fläche mat Héichstammuebstbeem (Krounenusatz a min. 1,8 m Héicht), wéi z.B. Bongerte mat landwirtschaftlecher Notzung, Uebtsbamreien an -alleen laanscht Stroossen a Weeër an Uebstgäert bei den Haiser.
Matt den Uebstbeem sinn déi sëllechen Aarten, also Äppel-, Bieren-, Quetschen-, Kiischten-, Quiddebeem, Nësserten etc. gemengt an déi honnerten Zorten, déi ee bei dësen Aarte fënnt. Bei den Äppel sinn dëst zum Beispill den Triumph, déi verschidde Groäppel oder Vizäppel oder de Rambo. Etymologesch sinn d’Wierder “Bongert”, „Bam” a “Gaart“ matt enaner verbonnen – eng Indikatioun datt d’Kultur vun den Uebstbeem no bei den Haiser an Uertschafte stattfonnt huet – änlech wéi bei de Wéngerten. Eréischt an der Mëtt vum 18. Joerhonnert ass d'Uebstkultur méi an d’oppe Landschaft gaangen.
Matt der Kultur vun de Bongerten ass net nëmmen d’Kultur vun den Uebstbeem selwer gemengt, also d’Uplanzung, de Schnëtt, den Ënnerhalt oder d’Praffe vun den Zorten, mee och d’Plécken a Rafen an déi verschidden Aart a Weise fir d’Haltbarmaachen an d’Verschaffe vum Uebst, d’Fester an aner Evenementer, déi domat zesummenhänken, an natierlech och de spezifesche Vokabular.
Och wann d’Kultur vum Uebst de Mënsch begleet, säit en sech néiergelooss huet, ass d’Kultur vun de Bongerten awer sou richteg eréischt am 18. Joerhonnert lassgaangen an hat säi Maximum am Ufank vum 20. Joerhonnert. Säitdeem huet et staark ofgeholl, mee zënter den 1980er Jore fënnt nees eng Renaissance statt, déi bis hautdesdaags unhält.
D’Kultur vun de Bongerten ass zanter dem 17. Oktober 2025 um nationalen IKI-Inventar, an ass och an anere Länner klasséiert:
Streuobstanbau (Däitschland 2021)
Streuobstanbau in Österreich (aufgenommen 2023)
Links:

- https://kierfchen.lu/
- www.bongert.lu
- https://minett-biosphere.com/lu/projects/bongert-rdv-lu/
- https://www.naturpark-mellerdall.lu/projekte/mount-vum-bongert/
- https://www.sias.lu/de/naturschutz/biologische-station/projekte/bongerten
- https://environnement.public.lu/fr/natur-erliewen/sentiers-nature/sud/bongert_altenhoven_bettembourg.html
- https://www.naturpark-sure.lu/offer/bongert-kaundorf/
- https://naturpark-our.lu/projects/agroforstwirtschaft/
- https://sicona.lu/unsere-obstbaeume/
- https://www.ecoledugout.lu/agenda/20