Wanderschéiferei

Déi deeglech Aarbecht vun der Wanderschéiferei besteet an der Beweedung mat Schof vu geographesch getrennte Gebidder, déi vun engem Schof-Wanderbetrib mat Schéiferhënn erschloss ginn.
D’Schof wandere vu Weed zu Weed, ginn, wann et néideg ass, do agepercht an zéie weider, esoubal d’Perch ofgegraast ass.

Saisonstart ist Mitte April, wenn die Herden zum Naturschutz aufbrechen: der Schafaustrieb. Ab dem Moment stehen jeden Tag Umtriebe der Herden auf dem Programm. Obgleich man zusammen mit Biologen einen theoretischen Beweidungsplan aufgestellt hat, bestimmen die Schafe und die Natur das tatsächliche Tempo, sodass die tägliche Arbeit immer sehr spontan festgelegt wird. Die gesteckten Beweidungsziele der einzelnen Biotope gilt es zu erfüllen.     

D’Saison fänkt Mëtt Abrëll un, wann d’Träpp fir den Naturschutz opbriechen: den Ausdriff vun de Schof. Vun deem Moment u steet all Dag d’Ronderëmdreiwe vun den Träpp um Programm. Obwuel en theoreetesche Beweedungsplang zesumme mat Biologen opgestallt ginn ass, bestëmmen d’Schof an d’Natur den tatsächlechen Tempo, esou dass déi deeglech Aarbecht ëmmer ganz spontan festgeluecht gëtt. Déi Beweedungsziler, déi een sech fir déi eenzel Biotope gesat huet, gëllt et ze erfëllen.

D’Wanderschéiferei erméiglecht eng Vernetzung vun deene verschiddene Flächen hei am Land an dréit domadde weesentlech zum Erhalt an zu der Verbreedung vun der Biodiversitéit bäi. Andeem de Som vun de Planzen an der Woll, tëschent de Klaen oder an den Exkrementer vun de Schof transportéiert, beaarbecht oder initiéiert gëtt, garantéieren d’Schof eng Verbindung tëschent de Biotopen, déi zum Deel wäit ausenanerleien. Geneesou ass et mat den Insekten. Si ginn duerch d’Wanderschéiferei iwwer wäit Distanzen transportéiert. D’Wanderschéiferei wierkt Isolatiounseffekter entgéint, déi an eiser staark fragmentéierter Landschaft ëmmer méi d’Iwwerliewe vu seelenen Aarte bedreeën.

Am Géigesaz zu aneren europäesche Länner sinn zu Lëtzebuerg d’Weedflächen éischter kleng. D’Duerchschnëttsgréisst ass beschtefalls een Hektar. Dat setzt gutt Kenntnesser vun de verschiddenen Dreifweeër viraus, well d’Träpp dacks weiderzéien. Och variéieren d’Gebidder ganz staark. De Norde vum Land ass éischter ländlech, wärend den Zentrum an de Süde vum Land urban sinn. Fir e klengt Land huet Lëtzebuerg allerdéngs eng ganz villsäiteg Landschaft.
D’Ronderëmdreiwe vun den Träpp geschitt meeschtens zu Fouss. Hei leet den Hiert d’Schof an en zweete Mann séchert den Trapp hanne mat engem Begleetwon of. Wien awer beim Dreiwen net däerf feelen, ass de Border Collie. Dëse sougenannte Koppelgebrauchshond koordinéiert d’Beweegunge vun den eenzelen Déieren a bréngt den Trapp sécher op déi nächst Fläch.
No hirer Aarbecht am Naturschutz ënnerhalen d’Träpp konventionell Flächen an zéie lues a Richtung Stall. Dëst kann ab dem Hierscht bis an de Wanter era geschéien – jee nodeem wéi vill et ze friesse gëtt. D’Nobeweedung vu konventionelle Fläche gewënnt ëmmer méi u Bedeitung fir d’Baueren. Heibäi handelt et sech eigentlech ëm eng ganz al Traditioun, déi d’Wisen op de Wanter virbereet, wann deen ëmmer méi no kënnt, an déi hautdesdaags nees ëmmer méi op Akzeptanz stéisst.

D’Praxis vun der Wanderschéiferei ass den 20. Abrëll 2021 op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg opgeholl ginn an de 6. Dezember 2023 an d'UNESCO-Repräsentativlëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet ageschriwwe ginn.


Links: https://www.naturemwelt.lu/de/actions/paturage-extensif-transhumance-des-moutons
http://www.schaeferei-weber.lu/

 

Media

Images