Lëtzebuerger Volleksdänz

Gedanzt gëtt e Repertoire vu ronn 30 verschiddenen Dänz, déi a Koppelen gedanzt ginn. Am internationale Verglach zeechnen dës Dänz sech duerch eng aussergewéinlech grouss Variatioun un Grondschrëtt, Figuren a Melodien aus an duerch heefegen Partnerwiessel. Di Dänz déi op der Bühn gewise ginn sinn mëndlech iwwerdroe ginn, d’Nomenklatur ass op Lëtzebuergesch z.B Chiberli, Pik-Polka, Schottësch Näip, de Karschnatz, Ronn Maklott, Uelegschléier.

D‘ Optrëtter sinn ëmmer mat Live Musek an an Truechten. Musikinstrumenter sinn Fiddel, Drumsee, Brëttelspiano, Blosinstrumenter, Guitar a Perkussioun a variabeler Besetzung. Di verschidden Truechten si Reproduktiounen no der Moud aus dem spéiden 18. an dem fréien 19. Joerhonnert a baséieren op Recherchen vum Nationalmusée an dem Staatsarchiv. D‘Danzschong passen stylistësch bei d’Truecht, sinn awer aus Sëcherheetsgrënn moderne Gewunnechten ugepasst. Et gëtt Dänz bei deenen Accessoire gebraucht gin wéi Béngele, Lantere a Kierf.

Integrale Bestanddeel vun Opféierungen vu Lëtzebuerger Volleksdänz sinn och lëtzebuerger Vollékslidder.

De Volleksdanz as och feste Bestanddeel vun grousse Volleksfester wéi Eimäischen, Nationalfeierdag, Baurekirmes, Wäinfester. Vill Optrëtter bei Manifestatiounen an offiziellen Evènementer wou Lëtzebuerg vertrueden oder viirgestallt gëtt. Mir si Botschafter vun eiser Kultur, esou z.B. 2007 bei eisem Optrëtt an der UNESCO zu Paräis oder op der Folkloriada 2016 a Mexiko. Bei der kommender VI CIOFF® World Folkloriada, déi all 4 Joër stattfënnt, mee déi duerch d’Corona-Pandémie vun 2020 op 2021 verluet ginn ass, ass Lëtzebuerg mat engem Grupp vertrueden, dee mat vill Freed a Wuelfillen eis Identitéit weider gëtt an iwwerdréit. Et fillt ee sech verbonnen dëst liewegt Kulturierwen weider ze ginn.

Mir sinn national ganz multikulturell, an och eis Dänzer mat net Lëtzebuerger Nationalitéit wëllen eis traditionell Dänz léieren. Och Dänzer vu lëtzebuerger Folkorgruppen mat Migratiounshannergrond kënnen a gemeinsam Optrëtter integréiert gin.

An den 30er Joren vum 20te Jorhonnert sinn e Grupp Leit déi sech regelméisseg an der Jugenherbergsbewegung getraff hunn, sech bewosst ginn, dat al traditionell Dänz a Lidder verluer goungen. Dës Leit hunn dokumentaresch Recherche gemaach, an Zäitzeie gesicht, zu enger Zäit wou et nach méiglech war, Mënschen ze fannen, déi die Praktik an hirer Jugend nach erlieft haten. Vun do un, no dem 2. Weltkrich, si Folklorveräiner gegrënnt ginn, déi dëst Wëssen ëmgesat an erhalen hunn.

Momentan gin ët dräi Lëtzebuerger Folklordanz Gruppen, déi all Member sinn an der Federatioun Union Grand-Duc Adolphe an domatten och Member sinn an der Internationaler Organisatioun CIOFF, Internationalen Organisateur vu Folklor Festivalen an traditioneller Konscht, accréditéiert bei dem Kommitee fir d‘Erhale vum immaterielle liewege Kulturierwen vun der UNESCO.

Den 29. Oktober 2020 sin d’Lëtzebuerger Volleksdänz op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg opgeholl ginn.

(Texte provisoire fourni par la communauté porteuse, traductions en cours)

Weider Informatiounen a Videoen:

Media

Images