D‘immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg

De Leit e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit am Respekt vun der kultureller Villfältegkeet an der mënschlecher Kreativitéit ze ginn – dëst ass dem immaterielle Kulturierwen seng Funktioun an der Gesellschaft. Esou geléngt et, eis Gesellschaft als lieweg Gemeinschaft erfahrbar an erliefbar ze maachen, andeems jiddereen seng lieweg Kulturierfschaft mat den anere Leit deelt; deene Leit, déi schonns zënter Generatiounen zu Lëtzebuerg liewen an deenen, déi nei bäigezu sinn; deenen, déi nëmme kuerzfristeg hei am Land sinn an deenen, déi hiert ganzt Liewen hei verbruecht hunn; deenen, déi Lëtzebuerg vu bausse betruechten an deenen, déi et vu bannen eraus liewen an erliewen. Grouss a Kleng, Jonk an Al, egal wien een ass a vu wou ee kënnt. D‘immateriellt Kulturierwe schléisst keen aus, well jiddereen op seng Aart a Weis heidrun deelhuele kann. Esou ass dat en eenzegaartegt Mëttel, fir d’Mënschen ënnertenaner méi no ze bréngen, am géigesäitegen Austausch a Versteesdemech.
Laut der UNESCO ginn et e puer präzis Kritären, fir datt eppes als immateriellt Kulturierwe ka bezeechent ginn.

Deen aller éischte Kritär ass, datt d’Ierwe selwer hir Kulturierfschaft als sollech ugesinn. D’Unerkennung geet fir d‘alleréischt vun de Leit aus, net vum Staat oder vun den Experten. Déi kënnen nëmmen dat unerkennen an hëllefen ze erhalen, wat d’Ierwe selwer als hir Ierfschaft bezeechnen a bestëmmen.

Dofir existéiert déi lieweg Kulturierfschaft nëmmen, wann se och wierklech gelieft a praktizéiert gëtt. Ausgestuerwe Gebräicher gehéieren net dozou, et sief, si géingen erëm nees vun de Leit op en Neits an d’Liewe geruff, praktizéiert a weidergi ginn.

D‘Kulturierwen ass eng Ierfschaft, dat heescht, et muss iwwer e puer Generatiounen hei am Land weiderverierft gi sinn an esou de Gruppen a Gemeinschafte wéi och jiddwer Eenzelne vun den Ierwen e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit vermëttelen.

D‘immateriellt Kulturierwe muss och – fir als sollecht unerkannt ze ginn – dem nationalen an internationale Recht, virun allem och de Mënscherechter, entspriechen.

Wichteg ass et och, datt d‘immateriellt Kulturierwen net op Käschte vu kommende Generatioune geet, mee am Sënn vun enger nohalteger Entwécklung gelieft gëtt.

Dat immateriellt Kulturierwe fanne mer virun allem a folgende Beräicher:
 
  1. Mëndlech Iwwerliwwerungen an Ausdrocksweisen, dorënner och d’Sprooch als Mëttel, fir dat immateriellt Kulturierwe weiderzevermëttelen;
  2. Kënschtleresch Ausdrocksformen, déi viru Publikum opgeféiert ginn;
  3. Gesellschaftlech Gebräicher, Riten a Festlechkeeten;
  4. Wëssensschätz a Gebräicher, déi d’Natur an den Universum betreffen;
  5. Fäerdegkeete vum traditionellen Handwierk.
Fir e klengen Androck ze kréien, wat et hei zu Lëtzebuerg esou u Beispiller vum immaterielle Kulturierwe gëtt, kann een sech dëse Film aus den Archive vum Centre national de l’audiovisuel (CNA) ukucken:

N.B.: Reliounen als sollech, als komplett Glawens- a Praxissystemer, gi vun der UNESCO net zur Kategorie vum immaterielle Kulturierwe gezielt. Do dergéint kënnen awer eenzel kulturell Praktiken, wéi ebe gesellschaftlech Gebräicher, Riten a Festlechkeeten, déi am Numm vun der Relioun gelieft ginn, als immateriellt Kulturierwen unerkannt ginn, wann se der UNESCO-Konventioun vun 2003 entspriechen.
D’Definitioun vun dem immaterielle Kulturierwen fousst op enger Konventioun déi de 17. Oktober 2003 vun der Generalkonferenz vun der UNESCO ugeholl ginn ass.

Dës Konventioun ass duerch Gesetz vum 23. Dezember 2005 zou Lëtzebuerg rechtskräfteg ginn.

Hei d’Linken zou den entspriechenden Texter:

D'Gesetz vum 25. Februar 2022 woumadder d'UNESCO-Konventioun vun 2003 iwwert d'Erhalen vun dem immaterielle Kulturierwen an déi global Gesetzgebung iwert d'Kulturierwen opgeholl gëtt: http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2022/02/25/a80/jo


D'Gesetz vum 23. Dezember 2005 woumadder d’UNESCO-Konventioun vun 2003 iwwert d'Erhalen vun dem immaterielle Kulturierwen guttgeheescht gëtt: http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2005/12/23/n6/jo

D’UNESCO-Konventioun vun 2003 iwwert d'Erhalen vun dem immaterielle Kulturierwen an der verbindlecher franséischer Versioun: http://unesdoc.unesco.org/images/0013/001325/132540f.pdf

D‘Konventioun op Däitsch an der offizieller Iwwersetzung vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun: https://ich.unesco.org/doc/src/00009-DE-Luxembourg-PDF.pdf
D’UNESCO-Konventioun vun 2003 iwwert d‘Erhale vum immaterielle Kulturierwe gesäit vir, datt vun all Staat, dee matmécht, e Verzeechnes iwwert dat immateriellt Kulturierwen op sengem Staatsgebitt geféiert gëtt. Dësen Inventar soll ausdrécklech zesumme mat deene Leit, déi déi eenzel Elementer als hir Kulturierfschaft ugesinn a praktizéieren, opgestallt a reegelméisseg op den neiste Stand bruecht ginn. Duerch esou e Verzeechnes kréien d’Leit e Mëttel, sech hirer lieweger Kulturierfschaft bewosst ze ginn, se opzeschaffen, se ze erhalen, se nei unzepassen, se weiderzeginn an se matzedeelen.

Dofir riichten de Kulturministère an d’Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun en Appell un all déi Leit, déi zu Lëtzebuerg immateriellt Kulturierwen erhalen, praktizéieren a weiderginn, hinnen ze hëllefen, den Inventar vun hire Praktiken op d’Been ze stellen, respektiv op den neiste Stand ze bréngen.

Déi Leit also, déi hiert liewegt Kulturierwe wëllen op den nationalen Inventar vun dem immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg agedroe kréien, kënnen eng entspriechend Kandidatur beim zoustännege Ministère, an dësem Fall de Kulturministère stellen. Dëst geschitt, andeems se folgende Formular ausfëllen an aschécken:


IKI Kandidatur Formular

N.B.: Aus praktesche Grënn ass dëse Formular an enger Sprooch gehalen, déi esouwuel offiziell Verwaltungssprooch zu Lëtzebuerg wéi och bei der UNESCO ass. Selbstverständlech kann dëse Formular awer och op enger anerer offizieller Verwaltungssprooch, déi mer hei zu Lëtzebuerg hunn, ausgefëllt ginn.
Fir op de nationalen Inventar vun dem immaterielle Kulturierwen zou Lëtzebuerg ze kommen, muss eng Kandidatur folgend Etappen duerchlafen:
  1. De spezielle Formular gëtt vun deene Leit, déi dat entspriechend Element als hirt immateriellt Kulturiewen ugesinn a praktizéieren, ausgefëllt an un de Kulturminister / d'Kulturministesch agereecht. Fir Froen derzou kann een sech un info@iki.lu wenden;
  2. Ass de Formular korrekt ausgefëllt, kënnt déi entspriechend Kandidatur virun d’Kommissioun fir d’Kulturierwen. Dës Kommissioun kuckt, op d’Kandidaturen den gesetzleche Kritäre fir den nationalen Inventar vum immateriellen Kulturierwen entspriechen. Dozou gehéiert och d’Aschätzung, a wéi wäit dës iwwer Generatioune verierfte Kulturpraktiken och haut nach dem Zesummeliewen zou Lëtzebuerg en Déngscht leeschten. Op Basis vun de gesetzleche Kritären leet d’Kommissioun fir d‘Kulturierwen dann dem zoustännege Minister hiren Avis iwwert déi entspriechend Kandidatur vir;
  3. Op Grond vun der Aschätzung vun der Kommissioun fir d‘Kulturierwen hëlt den zoustännege Minister deen d’Kultur a sengem Ressort huet d’Entscheedung, dat entspriechend Element op de nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen opzehuelen oder net. D’Leit, déi d’Kandidatur gestallt hunn, kréie matgedeelt, wann si op d’Verzeechnes opgeholl gi sinn an hirt liewegt Kulturierwen deementspriechend publik gemat gett.
Déi verbindlech gesetzlech Grondlag fir dëss Prozedur ass den Artikel 104 vum Gesetz vum 25. Februar 2022 iwert d‘Kulturierwen : https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2022/02/25/a80/jo

Chapitre 5  – Patrimoine immatériel

Section 1  – Inventaire du patrimoine immatériel

Art. 104.

(1)Le ministre fait établir et tenir à jour un inventaire du patrimoine immatériel présent sur le territoire du Grand-Duché de Luxembourg.

(2)Lorsque le ministre décide de l’inscription d’un élément sur l’inventaire du patrimoine immatériel, il notifie son intention à la commission. L’avis de la commission est produit dans un délai de trois mois à partir de la notification de l’intention d’inscription du ministre. Passé ce délai, l’intention d’inscription du ministre est censée être agréée.

(3)L’inscription sur l’inventaire national du patrimoine immatériel du Grand-Duché de Luxembourg peut se faire à la demande écrite et motivée d’un groupe de personnes ou d’une association sans but lucratif qui a pour objet la sauvegarde du patrimoine immatériel et qui reconnait l’élément à inscrire comme faisant partie de son patrimoine immatériel, le pratique activement et s’engage pour sa sauvegarde ainsi que sa transmission aux générations présentes et futures.

Pour être inscrit à l’inventaire national du patrimoine immatériel, l’élément doit répondre aux critères suivants :
1°       l’élément est vivant et de nature à faire partie des pratiques, représentations, expressions, connaissances et savoir-faire – ainsi que des instruments, objets, artefacts et espaces culturels qui leur sont associés – que le groupe de personnes ou l’association sans but lucratif qui a pour objet la sauvegarde du patrimoine immatériel reconnaît comme faisant partie de son patrimoine immatériel, et que le demandeur à l’inscription à l’inventaire national du patrimoine immatériel est effectivement mandaté et soutenu par un ensemble représentatif de ces personnes ;
2°       l’élément est transmis de génération en génération sur le territoire du Grand-Duché de Luxembourg et recréé en permanence par le groupe de personnes demandeur en fonction de leur milieu, de leur interaction avec la nature et de leur histoire ;
3°       l’élément procure au groupe de personnes demandeur un sentiment d’identité et de continuité ;
4°       l’élément contribue à promouvoir le respect de la diversité culturelle et la créativité humaine ;
5°       l’élément est conforme aux instruments internationaux existants relatifs aux droits de l’homme ainsi qu’à l’exigence du respect mutuel entre communautés, groupes et individus, et d’un développement durable ;
6°       l’élément fait l’objet d’un plan de sauvegarde établi par le demandeur.

(4)Un élément inscrit à l’inventaire national du patrimoine immatériel peut, après avis de la commission, être rayé de l’inventaire par décision du ministre :

1°       de sa propre initiative, s’il constate que l’élément ne répond plus aux critères de recevabilité prévus au paragraphe 3, alinéa 2, pour l’inscription sur l’inventaire, le groupe de personnes ou l’association sans but lucratif qui a pour objet la sauvegarde du patrimoine immatériel, ayant demandé l’inscription sur l’inventaire national du patrimoine immatériel demandés en leur avis ;
2°       à la demande écrite, motivée et dûment représentative d’un groupe de personnes ou de l’association sans but lucratif qui a pour objet la sauvegarde du patrimoine immatériel et ayant demandé l’inscription sur l’inventaire national du patrimoine immatériel.

Les avis de la commission et du groupe de personnes ou de l’association sans but lucratif qui a pour objet la sauvegarde du patrimoine immatériel et ayant demandé l’inscription sur l’inventaire national du patrimoine immatériel sont produits dans un délai de trois mois à partir de la notification de l’intention de radiation de l’inventaire du patrimoine immatériel par le ministre. Passé ce délai, l’intention est censée être agréée.

(5)Un règlement grand-ducal détermine les informations minimales et la documentation que l’inventaire du patrimoine immatériel doit contenir.

(6)L’inventaire du patrimoine immatériel est mis à jour après chaque nouvelle inscription et rendu accessible au public sur un support électronique installé à cet effet et par tout autre moyen approprié.


Dat uewendriwer bei (5) gemengtent groussherzoglecht Reglement ass de Règlement grand-ducal du 9 mars 2022 déterminant les informations minimales et la documentation de l’inventaire national du patrimoine immatériel : https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2022/03/09/a95/jo

Heiranner sin besonnesch relevant :
 Art. 1er.

L’inventaire national du patrimoine immatériel contient les informations suivantes sur chaque élément inventorié :
1°       le nom de l’élément ;
2°       le domaine dans lequel se manifeste l’élément ;
3°       les communautés, groupes et individus associés à l’élément qui l’entretiennent et le transmettent ;
4°       une description de l’élément tel qu’actuellement pratiqué sur le territoire du Grand-Duché de Luxembourg et permettant de justifier, au vu des critères de la loi du 25 février 2022 relative au patrimoine culturel, l’inscription de l’élément à l’inventaire du patrimoine immatériel ;
5°       les éventuels éléments matériels et spatio-temporels constitutifs de l’élément ;
6°       les modes actuels d’apprentissage et de transmission des connaissances et les savoir-faire liés à l’élément ;
7°       les repères historiques de l’élément ;
8°       une explication de ses fonctions sociales et de ses significations culturelles actuelles, au sein et pour sa communauté ;
9°       les mesures de mise en valeur et de sauvegarde existantes ou envisagées en vue d’assurer sa transmission aux générations récentes et futures ;
10°     les caractéristiques des détenteurs ou des praticiens de l’élément ;
11°     toute autre information utile permettant de justifier de ce que l’élément répond aux critères prévus par la loi du 25 février 2022 relative au patrimoine culturel.

Art. 2.

L’inventaire contient, pour chaque élément inventorié, des récits ou des inventaires liés à la pratique et à la tradition de l’élément, une documentation photographique ou, le cas échéant, audiovisuelle présentant l’élément dans son état actuel et, le cas échéant, une bibliographie, filmographie ou sitographie sommaire d’ouvrages de référence publiés en relation avec l’élément.
 
Op Virschlag vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun war de 26. Juni 2008 e nationalen Inventar geschaf gin, an zwar am Hibléck fir kënnen eng Kandidatur op d’UNESCO-Representativlëscht vum immaterielle Kulturierwen vun der Mënschheet ze stellen. Op dësem Inventar vun 2008 sti folgend Manifestatiounen:
Fir dem immaterielle Kulturierwen méi eng grouss Siichtbarkeet ze verschafen an d’Bewosstsi vun senger Wichtegkeet souwéi den Dialog am Respekt vun der kultureller Villfältegkeet ze stäerken, féiert d’UNESCO eng sougenannte Representativlëscht vum immaterielle Kulturierwen vun der Mënschheet.

Fir op dës Lëscht ze kommen, muss e Staat, deen d’Konventioun vun 2003 ënnerschriwen an an nationalt Recht ëmgesat huet, iwwert säi Botschafter eng offiziell Kandidatur bei der UNESCO areechen.

Am Joer 2010 gouf d’Iechternacher Sprangprëssessioun als bis elo eenzeg alleng Lëtzebuerger Kandidatur op dës Representativlëscht vum immaterielle Kulturierwen vun der Mënschheet opgeholl.

Link zur Iechternacher Sprangprëssessioun op der offizieller Websäit vun der UNESCO:
https://ich.unesco.org/fr/RL/la-procession-dansante-dechternach-00392

Am Joer 2020 gouf déi musikalesch Konscht vun den Haupeschbléiser an enger multinationaler Kandidatur (Frankräich, Belsch, Lëtzebuerg, Italien) op dës Representativlëscht vum immaterielle Kulturierwen vun der Mënschheet opgeholl.

Link zur musikalescher Konscht vun den Haupeschbléiser op der offizieller Websäit vun der UNESCO: https://ich.unesco.org/fr/RL/l-art-musical-des-sonneurs-de-trompe-une-technique-instrumentale-lie-au-chant-la-matrise-du-souffle-au-vibrato-la-rsonance-des-lieux-et-la-convivialit-01581

Am Dezember 2023 goufen d'Fléizen, d'Wanderschéiferei an d'Hiewanskonscht an enger multinationaler Kandidatur op dës Representativlëscht vum immaterielle Kulturierwen vun der Mënschheet opgeholl.

Link zur Hiewanskonscht op der offizieller Websäit vun der UNESCO:
https://ich.unesco.org/fr/RL/la-maieutique-connaissances-savoir-faire-et-pratiques-01968
Link zur Wanderschéiferei op der offizieller Websäit vun der UNESCO: https://ich.unesco.org/fr/RL/la-transhumance-deplacement-saisonnier-de-troupeaux-01964
Link zum Fléizen op der offizieller Websäit vun der UNESCO: https://ich.unesco.org/fr/RL/l-irrigation-traditionnelle-connaissance-technique-et-organisation-01979

IKI-UNESCO-Kandidaturen vu Lëtzebuerg

Dës Kandidaturen komme virun den teschestaatleche Comité fir d’Erhalen vun dem immaterielle Kulturierwen, deen laut Artikel 7 vun der UNESCO-Konventioun vun 2003 iwwert d'Erhalen vun dem immaterielle Kulturierwen zoustänneg ass fir d’Ophuelen op d’Representativlëscht vum immaterielle Kulturierwen vun der Mënschheet.

Hei déi Lëtzebuerger Kandidatur, déi geplangt ass fir Enn 2024 virun de Comité ze kommen:
https://ich.unesco.org/fr/dossiers-2024-en-cours-01303?select_country=00127&select_type=all#table_cand