Immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg
D’Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir Erzéiung, Wëssenschaft a Kultur (UNESCO) bezeechent als „immateriellt Kulturierwen“ Gebräicher, Opféierungen, Ausdrocksweisen, Uluechten, Wëssensschätz a Fangerfäerdegkeeten, déi d’Mënsche selwer als Deel vun hirem kulturellen Ierwen ugesinn. Mat derzou gehéieren och d’Saachen an d’Plazen, d’Geschier an d’Gezei, déi ee brauch, fir dës Traditiounen um Liewen ze erhalen. Vu Generatioun zu Generatioun gëtt dës Ierfschaft ëmmer nei vun hiren Ierwen erschaf, am Zesummespill mat hirem jeeweilegen Ëmfeld, hirer Geschicht an der Natur.
Dofir gëtt dat immateriellt Kulturierwen och gären „liewegt Kulturierwen“ genannt: lieweg, well déi Mënschen, déi et iwwerhuelen, et als sollech unerkennen an um Liewen halen; lieweg awer och, well et hinnen e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit vermëttelt. Doduercher gëtt d’Villfältegkeet an der Kultur geuecht an d’Schafensfreed vun de Mënsche gefuerdert a gefërdert. D’Leit halen hiert Ierwen um Liewen an hiert Ierwen dréit zu hirem Liewe bäi – ëmmer erëm op en Neits.
Wéinst den Präventiounsmoossnahmen géint den COVID 19 wäerten dëst Joer verschidden Veranstaltungen, déi um nationalen Inventar vum immateriellen Kulturierwen stinn, net wéi gewinnt kënnen ofgehale ginn. Dorënner d’Éimaischen Ouschterméindeg um Fëschmaart an der Stad, d’Muttergottes-Oktave, d’Iechternacher Sprangprëssessioun, déi säit 2010 op der Representativlëscht vum immaterielle Kulturierwen vun der Mënschheet steet, an d’Schueberfouer mat hirem Hämmelsmarsch. D’Haus- an d’Flouernimm als liewegt Kulturierwen gin och elo an enger spezieller Rubrik regelméisseg op en neits beliicht
Fir dat déi traditiounsräich Ausdrocksformen vum liewege Kulturerwen trotz allem och dëst Joër kënne gefeiert ginn, gouf d’Initiativ „Digital IKI“ vun dem Kulturministère, der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun an dem CNA an d’Liewe geruff.
Online verlagert Veranstaltungen fannen virtuell statt. Dëst mat Hëllef vun der Bevëlkerung an neiem Bild- a Videomaterial aus ëffentlechen a privaten Archiver - fir dass dat villfältegt immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg och an dësen onrouegen Zäiten weiderlieft a gedeelt ka ginn.