D’Konscht vum Dréchemauerbauen

D’Dréchebau-Technik besteet doran, verschidden Zorte vu Steng mat Methodik sou ze tässelen, datt eng stabil Struktur entsteet. D’Stabilitéit kënnt duerch d’Mass vun de Steng an duerch hir Kontaktpunkten. Eng Dréchemauer besteet just aus Steng, ouni Speis oder Bëtong.

Dat éischt Wëssen iwwer Dréchemauere schéngt mam Sesshaftginn a mam Akerbau zesummenzehänken. Beim Ploue vum Buedem sinn déi Steng, déi gehënnert hunn, op d’Säit vum Feld geluecht ginn. Iergendwann hu si ze vill Plaz geholl an de Mënsch huet ugefaangen, d’Steng ze raumen an ze stapelen. Verschidden Technike sinn entstanen. Déi bescht hunn sech duerchgesat a goufe perfektionéiert, wouduerch op verschiddene Plaze richteg Konschtwierker entstane sinn. Bis an d’20. Joerhonnert goung dës Entwécklung weider. Mee am leschte Joerhonnert, mat all den neie Bautechniken an neie Materialien, ass dat uraalt Wësse ronderëm d’Dréchemauer-Konscht ëmmer méi a Vergiessenheet geroden. D’Dréchemauer-Wëssen ass ëmmer nëmme mëndlech iwwerliwwert ginn, vu Generatioun zu Generatioun. D’Dréchebaue war eng Familljen- an eng saisonal Aarbecht.

Den Interreg-Projet, deen 2016 an der Groussregioun ugelaf ass, huet als Zil, duerch eng Rei Moossnamen d’Wëssen an d’Kënnen ëm d’Dréchemauerbaue bei eis nees nei opliewen ze loossen. An de Projet fänkt schonn un, déi éischt Zilsetzungen ze erreechen. Den Interessi fir Dréchemauere klëmmt, esouwuel bei der Bevëlkerung wéi och bei de politesche Responsabelen an och am professionelle Milieu. Et ass d’Zomm vun all de Qualitéite vun enger Dréchemauer an hirem Handwierk, déi mécht, datt dat Wëssen hautdesdaags immens interessant ass, grad am Sënn vun enger nohalteger Entwécklung.

Duerch den Inventar, deen aktuell op ville Plazen zu Lëtzebuerg realiséiert gëtt, stellt sech eraus, datt mir hei vill verschidden dréchegebaute Strukturen hunn, dëst mat ganz verschiddene Funktiounen. Sou fënnt een typesch Wéngertsmauere laanscht d’Musel, dréchegebaute Wanderweeër duerch de Mëllerdall, Hiwwelbefestegungen am Éislek, Ent- a Bewässerungssystemer („Fléitzen“) an den Däller, Stabilisatioune vun den Ufere laanscht d’Waasser a sou weider. Zemools dat konsequent Amenagéieren uechter de Mëllerdall, an engem romantesche Stil, sicht sengesgläichen am Dréchemauerberäich. Lëtzebuerg ass an där Hisiicht een Hotspot an der Groussregioun an et gëtt nach villes ze entdecken.

Eng schéi Perspektiv also fir dëst uraalt Wëssen, wat eng Plaz an onser Kulturlandschaft, an de Stied an um Land, verdéngt huet.

D’Konscht vum Dréchemauerbaue steet zanter dem 28. November 2018 op dem nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen.

Link:

https://www.youtube.com/watch?v=HEaplojEQNw&feature=youtu.be