D’Konscht vun den Haupeschbléiser

Déi musikalesch Konscht, dat franséischt Juegdhar ze blosen, ass am 18. Joerhonnert um franséische Kinnekshaff entstanen. Zënterhier ass dës Konscht och an eise Géigenden zu enger lieweger Traditioun ginn, exemplaresch festgehalen an der monumentaler allegorescher Duerstellung vum Lëtzebuerger Land duerch de Julien Lefèbvre (Hotel Alfa, ëm 1930, als nationaalt Monument klasséiert). Haut komme Männer a Frae vu verschiddenen Nationalitéiten an aus allen Alterskategorien a soziale Schichten an hirer Fräizäit zesummen, fir dëst Kulturierwen hei am Land weiderliewen ze loossen.

Dës Musikante ginn zu Lëtzebuerg Haupeschbléiser genannt, nom Numm vun hirem Schutzpatréiner, dem hellegen Haupert. Hiert sougenannt natierlecht Instrument gëtt ouni iergendeng Mechanik eleng mat spezifeschen Otemtechniken an ënner groussem Kierperasaz vun de Bléiser gespillt, am léifsten an der fräier Natur, wou sech säin archaesche Klang am beschten entfale kann. Donieft ass och de Gesank e wichtegt Element vun der Iwwermëttlung vun dëser Konscht. Beim Spillen ouni Partitur dréien d’Bléiser, an traditioneller Tenue gekleet, dem Publikum de Réck zou, soudatt d’Leit d’Musek am beschte matkréien. D’Gesellegkeet ënnertenaner, d’Zesummespille mat Bléiser aus anere Länner, d’Verbonnenheet mat der Natur an d’Deele mat anere Leit, iwwer d’Grenzen ewech, maachen dat Besonnescht vun dëser Traditioun aus.

Niewent dem klasseschen internationale Repertoire fir hiert Instrument spillen a komponéieren d’Haupeschbléiser och nei Fanfare mat spezifeschem Bezuch zu Lëtzebuerg. D'Haupeschbléiser huelen aktiv um kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg deel a sinn an der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) souwéi an der Fédération des Trompes du Bénélux (FTB) wéi och an der Fédération Internationale des Trompes de France (FITF) federéiert.


D’Konscht, fir dat franséischt Juegdhar ze spillen, ass den 28. November 2018 op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg opgeholl ginn. Den 29. Mäerz 2019 huet Lëtzebuerg zesumme mat Frankräich, der Belsch an Italien bei der UNESCO eng Kandidatur agereecht, fir dës musikalesch Konscht op d’Representativlëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet opzehuelen.

Weider Informatiounen:

http://www.ftb-bjf.org/

Videoen:

https://www.youtube.com/watch?v=dY7wGHamUHM
https://www.youtube.com/watch?v=_QH0hJGnuhM