D'Éimaischen

Eng vun de beléiftsten Traditioune bei de Lëtzebuerger ass d’Éimaischen, en alen Aulebäckermaart, dee Joer fir Joer op Ouschterméindeg um Fëschmaart, am Häerz vun der Alstad, ofgehale gëtt.

Hei gi sech zënter Joerhonnerten d’Lëtzebuerger an hir auslännesch Gäscht zu Dausende Rendez-vous an enger eemoleger Festdagsstëmmung. Hautdesdaags wiesselen sech d’Stänn vun den Aulebäcker a Kënschtler of mat den Zockerbude mat de gebrannte Mandelen an Nëss esouwéi de Grillbuden.

D’Éimaischen ass a bleift awer virun allem en Aulebäckermaart mat senge villen Zorte Péckvillercher an allerlee ierdenen Dëppen, Päifen, Geschir a Spillsaache fir déi Kleng.

Den Ursprong vun dësem joerhonnertenalen Handwierkermaart, dee sech am Laf vun der Zäit zu enger Kiermes ronderëm de Fëschmaart entwéckelt huet, läit ëm d’14. Joerhonnert, wou een de spirituellen Ursprong an der reliéiser Traditioun vum mëttelalterleche liturgeschen Theater siche muss. Et kann ee sech ganz gutt virstellen, dass an der iwwer dausendjäreger Méchelskierch um Fëschmaart, dem geeschtlechen a kulturelle Mëttelpunkt vun der Alstad, op Ouschterméindeg dat historescht Mysteriespill vun de Jünger vun Emmaus oder dat bekannt Tréierer Ouschterspill an d’Marienklage opgeféiert gi sinn, an dass um ale Maart virun der Méchelskierch e Maart ofgehale gouf, op deem ierde Wuere verkaaft goufen, an aus deem déi haiteg Éimaischen entstan ass.
                                                                                                    
D’Méchelskierch war och de geeschtleche Mëttelpunkt vun enger Rei vu Brudderschaften. Dorënner war och d’Theobaldus-Brudderschaft, zu där ënner anerem och d’Aulebäcker gehéiert hunn, déi op Ouschterméindeg traditionell hir Aulebäckesch-Mass zu Éiere vun hirem Patréiner op Dominikaner (Méchelskierch) bestallt hunn.

Op Ouschterméindeg sinn déi Nouspelter Aulebäcker op de Fëschmaart hir Wuere verkafe komm. Zu Nouspelt gëtt schonn zënter Joerhonnerten Aulegeschir gebrannt aus Nouspelter Toun, wéi an engem Dokument aus dem Joer 1458 ze liesen ass. Ënnert dem Nouspelter Aulegeschir bilden den Haaptbestanddeel, oder op d‘mannst dee kaméidiméisseg stäerksten an dofir charakteristeschsten, d’Péckvillercher, op déi sech nach haut Grouss a Kleng freeën. Donieft gouf et "Spriddelcher" (Waasser-Péckvillercher) an "Léinefässercher" oder "Weirachen".

Géint Enn vum 18. Joerhonnert ass d’Traditioun vun der Éimaische verschwonnen, bis se erëm opgegraff gouf de 16. Abrëll 1827, wou op Beschloss vum Schäfferot vun der Stad de fréieren Aulebäckermaart op déi grouss Plaz um Fëschmaart verluecht gouf. Bis 1915 sinn d’Nouspelter op Ouschterméindeg an d’Stad op de Fëschmaart gezu mat hirem Aulegeschir, bis dee leschten Nouspelter Aulebäcker säin Uewen ausgeblosen hat. D’Éimaischen ass nom Éischte Weltkrich nees weidergeféiert ginn, mee se ass net méi richteg op d’Bee komm, bis se 1937 nees operstoe sollt a bis haut nach ëmmer Dausende vu Leit unzitt.

Dëst duerch d‘Initiativ vun engem Grupp vun Alstater Perséinlechkeeten, déi dofir den „Comité pour l'organisation de l'E'meischen“ gegrënnt hunn. An de fofzeger Jore gouf den Organisatiounscomité an „Comité Alstad“ ëmgedeeft, deen sech elo schonn iwwert 80 Joer ëm dëst kulturellt Ierwe këmmert.
Am Laf vun de Joren ass aus dem traditiounsräichen Aulebäckermaart eng „Alstad-Kiermes“ ginn, wou zäitgenëssesch Aulebäcker an Artisten aus aller Welt hir "Péckvillchen"-Konschtwierker aus Toun a Glas ubidden, an zënter 2018 och am Plastik aus dem 3D-Drucker vu Lëtzebuerger Schüler aus dem Lycée Technique des Arts et Métiers.

Fir weider Informatiounen
: https://comitealstad.lu

Aus den Archiven vum CNA :

Emäischen 1937 (Pierre Bertogne, 1937) Archives : Centre national de l’audiovisuel (CNA)