D’Iechternacher Sprangprëssessioun

Zu Iechternach gëtt all Joer um Péngschtdënschdeg déi weltberühmt Sprangpressessioun ofgehalen. Si ass entstanen aus der Veréierung, déi d’Leit dem Hl. Willibrord (658-739), dem Grënner vun der Abtei zu Iechternach, entgéintbruecht hunn. Hie gëtt besonnesch veréiert fir säi Missiounswierk an de Benelux-Länner, um Nidderrhäin an am Saarland, an och fir dat vill Guddes, dat hien am Vollek gemaach huet an déi Wonner, déi hie bewierkt huet. D’Pressessioun, déi wahrscheinlech aus engem heednesche Ritus entstanen ass, gouf schonns ëm 1100 ernimmt a konnt sech, trotz Verbuet duerch kierchlech a weltlech Autoritéiten, bis haut erhalen, esoudatt d’Leit aus der ganzer Ëmgéigend sech an dëser Traditioun erëmfannen.

Hautdesdaags kommen ongeféier 10 000 Leit op d’Sprangpressessioun, dovu sprangen der 7000-8000 mat, begleet vun circa 40 Museken, déi déi bekannt al Polkaweis spillen. D’Sprénger stellen sech op, zu fënnef an enger Rei, ënnerenee verbonne mat engem wäisse Foulard. No dem Pontifikalamt an der Usprooch vum Äerzbëschof setzt d’Pressessioun sech a Beweegung an zitt duerch déi al Gaassen iwwert de Moart bis an d’Basilika, laanscht d’Graf vum Hl. Willibrord an der Krypta. Déi Leit, déi net matsprangen, bieden de Rousekranz oder sangen am Grupp vun de Sänger d’Litanei vum Hl. Willibrord. Eng Rei Bëscheef an Äbt ginn um Enn vun der Pressessioun mat. Eng Andacht an der Basilika mécht de Schluss vun der Feier.

Fir déi gleeweg Chrëschten ass et eng Geleeënheet, sech zesummenzefannen, fir a Freed deen ale Ritus ze vollzéien. Den Alter, d’Geschlecht, d’Nationalitéit an de Rang an der Gesellschaft spille keng Roll, all ginn se deeselwechte Wee a vergiessen iwwert dem Sprangen den alldeegleche Misär. Och déi, déi net aus reliéise Grënn derbäi sinn, maache mat, well si spieren, datt se un eppes deelhuelen, dat iwwert si erauswiisst a si mat hire Virfare verbënnt, déi och scho gespronge sinn. Esou kann ee soen, datt déi ganz Feier och eppes mat Kultur ze dinn huet, well se iwwert d’Grenze vun de Reliounen an de Meenunge vill Leit zesummebréngt an enger ongezwongener Atmosphär.
 
D’Iechternacher Sprangpressessioun ass de 26. Juni 2008 an den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen opgeholl ginn an de 16. November 2010 an d’UNESCO-Repräsentativlëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet ageschriwwe ginn.
 
Weider Eenzelheete kann een op der Internetsäit www.willibrordus.lu ënnert der Rubrik „Springprozession“ fannen.


Aus den Archiven vum CNA :

Echternacher Springprozession (Marzen, Edisons Elektrisches Theater, 1906) Archives : Centre national de l’audiovisuel (CNA)

Régions dévastées, Echternach (Pierre Bertogne, Pierre Kintzinger, 1945 / Sonorisation : CNA, 1995 Archives : Centre national de l’audiovisuel (CNA)

Les danseurs d’Echternach (Evy Friedrich, 1947) Archives : Centre national de l’audiovisuel (CNA)