D'Schueberfouer

D'Schueberfouer ass dat gréisst Volleksfest hei am Land. D'Urspréng ginn zeréck bis an d'Mëttelalter. Den 20. Oktober 1340 huet de Jang de Blannen, Kinnek vu Béimen a Grof vu Lëtzebuerg, e Joermaart gegrënnt, deen aacht Deeg gedauert huet. De Grënnungsakt huet den Ufank vun der Fouer op den 23. August, de Virowend vu Sankt-Barthelméis, festgeluecht. Den Numm vun der Fouer gouf ofgeleet vun der Plaz "Schuedbuerg". Dës Plaz war fréier um Helleg-Geescht-Plateau, wou de Joermaart an den éischte Joerhonnerten no senger Grënnung stattfonnt huet. Deemools war d'Schueberfouer ausschliisslech op den Handel bezunn. Am 17. Joerhonnert ass déi ursprénglech Plaz ze kleng ginn. Dowéinst huet d'Schueberfouer zanter 1610 op de Felder nërdlech der haiteger Schefferallee stattfonnt. Eréischt am Joer 1890 huet de Stater Gemengerot decidéiert, datt se op de Glacis kënnt, wou se hautdesdaags och nach ass. Am Laf vum 19. Joerhonnert koum et zu engem Wandel. Den Handel mam Véi a mat Wueren ass an den Hannergrond getrueden. Danz- a Schaubuden, Päerderchersspiller a Schéissbuden, Klunschelmaschinnen an Attraktiounen hunn ëmmer méi Plaz ageholl.  D'Schueberfouer ass e Maart ginn, fir sech ze ameséieren.

Hautdesdaags begeeschtert d'Schueberfouer alljoers tëschent Enn August an uganks September bannent 20 Deeg ronn 2 Millioune Leit aus Lëtzebuerg an aus dem Ausland. Se ass déi am meeschte besichte traditionell Veranstaltung am Land an an der Groussregioun a gläichzäiteg en Evenement mat internationalem Flair. Fouerleit aus ganz Europa kommen zanter Jore mat hire Buden a Spiller op de Glacis. Traditiounsbewosst an dach zukunftsorientéiert stellt d'Schueberfouer en Integratiounsfaktor duer, deen net ze ënnerschätzen ass, a gëtt Abléck an déi multikulturell Identitéit vu Lëtzebuerg. Se gëtt esouguer gefeiert vun de Lëtzebuerger, déi an Amerika ausgewandert sinn. D'Schueberfouer gehéiert zum immaterielle Kulturierwe vun Europa.

D'Geschicht vun der Schueberfouer ass enk verbonne mat Brauch vum "Hämmelsmarsch". Bei der Erëffnung vun der Fouer an op Fouersonndeg, dem Weihedag vun der Kathedral, trëppele Schof mat Musikanten iwwer de Glacis an duerch d'Stroosse vun der Stad. Dës Traditioun an d'Volleksweis ginn zeréck op déi am Joer 1402 gegrënnte Sankt-Sebastians-Brudderschaft, wou d‘Schëtzen dra waren, déi mam Bou a mam Fitschebou geschoss hunn. Dëse Veräin, am Volleksmond och "d'Schéiss" genannt, huet alljoers op der Schueberfouer e Concours organiséiert. Déi, déi am beschte geschoss hunn, konnten en Hämmel gewannen. Am Joer 1861 huet de bekannte Lëtzebuerger Dichter Michel Lentz den Text op déi Joerhonnerten al Melodie geschriwwen.

Offiziell Websäit

www.fouer.lu

Ausstellung am Lëtzebuerg City Museum

Ons Schueberfouer.
17/05/2019 > 29/03/2020


Aus den Archiven vum CNA :

D’Schueberfouer (Fränk Grotz ; CNA 2006) Archives : Centre national de l’audiovisuel (CNA)

D’Weesekanner op der Schueberfouer (Pierre Bertogne, Alfred Heinen, 1936 / Sonorisation : CNA, 1998) Archives : Centre national de l’audiovisuel (CNA)